AASL (Association des Amis du Sport Loisir) asbl gouf 2019 gegrënnt. Mir sënn e klenge Veräin, den de Semi-Marathon de la Paix, ëmmer de letzten Weekend am Abrëll, organiséiert. Eise Comité ass aus 4 Leit opgestallt:
Präsident: Czekanowicz Laura
Sekretär: Rentmeister Natascha
Caissier: Schenk Francois
Member: Van Peborgh Mico
Semi-Marathon de la Paix -Les 10 miles de la Paix
19.04.2025
Disziplinen
Léif Leeferinnen a Leefer,
wéinst Stroossebauaarbechten op der traditioneller Streck vum Semi-Marathon zu Wolz kënne mir dëst Joer leider net déi komplett Distanz vum 21,1 Kilometer Laf ubidden. Amplaz den Event ofzesoen, hu mir eng nei Alternativ geschaf: den „Les 10 Miles de la Paix“, en usprochsvolle Parcours iwwer 16 Kilometer duerch déi schéi Géigend vu Wolz.
Mat dëser Ännerung wëlle mir iech trotzdeem e sportlechen Highlight ubidden an déi besonnesch Atmosphär bäibehalen, fir déi de Semi-Marathon bekannt ass. Mir hoffen op är Versteesdemech an op eng grouss Zuel vu begeeschterte Leeferinnen a Leefer, déi dës nei Streck mat eis erliewen.
Bleift gespaant – mir freeën eis op eng erfollegräich Editioun vun „Les 10 Miles de la Paix“!
Walking 10km
Kidsrun: 4-5 Joer 400m 6-7 Joer 800m 8-10 Joer 1km 11-13 Joer 2,2km