Wei och letzt Joer spenden mir en Deel vun eisem Erléis vum Semi-Marathon de la Paix. Dëst Joer hunn mir decidéiert en un Wonschstär asbl ze spenden. Matt ärer Inscriptioun ob eisem Semi-Marathon, kennt dir soumat eppes Guddes maachen. Wonschstär ass eng aslb déi sech als Missioun gesat huet, Menschen matt Krankheeten, Accidenter oder aaneren Schicksaalsschlei, ze helefen. Den Grondgedanke dobei ass, dass jiddereen d´Meiglechkeet soll hunn, seng Dreem ze verwierklechen. Mir ënnerstëtzen si mat engem Don, den um Dag vum Semi-Marathon ausgestallt gëtt. Fir méi Infoen iwwert den Wonschstär, fannt dir ob hirem Site (ob d´Foto klicken).